mol kucken op daat geet
test
20 07 2008Kommentare : Kommentar schreiben »
Kategorien : Uncategorized
CD-REVIEW: Van Halen – Van Halen
6 05 2008Desen CD deen kloer eng Roll spillt an der Geschicht vum Metal ass durch d’Zoufall des Läscht eemol an mein besetzt gerooden ( luch vier 5 Euro am Darty bei den Sonderangebote, traurech wann een bedengt weieng CD et ass ).
Dei CD wou ech kaaft hun ass Deel vun der Remasters Serie vun Sony, ech kann allerdengs neischt zum Ennerscheed soen, dei des CD zur originaler soll hun, well ech leider nik am Besetz dofun sen. Eng zweet Saach dei ech bei desem Review muss lenks leien lossen ass, dat et, wei mer leischt doheem opgefall ass, eng Hybrid HD-CD ass. Also Double-Layer, een Layer normal CD-Donné’en, een Layer HD-CD-Donné’en, dei ech nik gelies kreien, well ech nik am Besetz sen vum engem HD-CD Player ( een SACD Player kennt aawer nach ).
Also als allereischt fällt des CD duerch eng immense kloer Guitar op, keng Effekt an Distortion Orgie, wei een se hautesdaags alzeoft fennt. Leadguitar stecht emmer kristallkloer eraus, an ass einfach nemmen wonnerbar gespillt.
An direkt mam zweeten Lidd, waat ech eemol op enger 100 Best Guitar Solos Compilation op 2 Plaatz fonnt hun, weisen Van Halen direkt dat se dei Platz an der Metal geschicht verdengt hun. Mat Eruption engem knapp iwer 1:30 langem Akkustik-Steck, wat nemmen aus Guitar-Solo mat minimaler Batterie-Begleedung besteht, rocken se einfach nemmen d Buud. ( Munchereen deen derbei waar, wärt do un d Owender am Studio A erennert gin).
Des weideren ass dei ganz CD en Sammelsorium un richteg guddem Metal, woubei sech vierun allem Cyberpunk an mein Herz erangerock huet. Ech kann nescht aaneschtes maan wei dei CD jidderengem weiderempfehlen, se ass derwärt, an och geeegent vier Leit deenen soss Metal nik sou zoustemmt, se dach och mei roueg Saachen derbei, wei Jamie’s cryin’ wou och mol mei douce Tein ugestemmt gin
Fazit: Nik nemmen vier den Fan een sennvollen Akaaf
Kommentare : Kommentar schreiben »
Kategorien : CD-Review
Ufank
25 04 2008Mjo also desen Blog soll den Werdegang vun engem sech zum Audiophilen entweckelden sen, deen der Welt seng Gedanken matdeelt.
Kommentare : Kommentar schreiben »
Kategorien : Misc.